Klima- a Biodiversitéitsdag & Natura 2000 Dag | 18.05.2025 (Centre culturel Machera zu Gréiwemaacher)

 

Klima- a Biodiversitéitsdag & Natura 2000 Dag – 18. Mee 2025 am Centre culturel Machera zu Gréiwemaacher

Den 18. Mee steet alles am Zeeche vu Klimaschutz, Biodiversitéit an Natura 2000 – mat engem Programm fir Grouss a Kleng! Et erwaarden iech Workshops, Spiller, Live-Virträg, Expoen, Info-Stänn a Verkafsstänn mat artisanalen a regionale Produiten. Ee Programm-Highlight ass d’Science Quiz Show mam Mr Science um 13 Auer.

Hei geet et zum Facebook-Event: https://fb.me/e/5qOfHEJ08

Méi Detailer op: www.klimadag.lu

Organiséiert vum Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS zesumme mam Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an der Stad Gréiwemaacher.

Chantier Route de Luxembourg | Traffic & Accès 11.04.2025

Route de Luxembourg – Erneierung vum Stroossebelag

Ponts & Chaussées hunn ons matgedeelt, dass d’Route de Luxembourg wéinst der Erneierung vum Stroossebelag den 11. Abrëll 2025 tëscht 09:00 a 17:00 Auer ab dem Haus n°03 bis d’Kräizung Route de l’Europe (N2) fir de Verkéier gespaart ass.

En plus

  • ass et op deenen 2 Säite vun der Route de Luxembourg verbueden ze parken den 11. Abrëll 2025 ab 06:00 Auer a bis zum Schluss vun den Aarbechten.
  • ass weder d’Zoufaart zu de Garagen nach d’Ausfaart aus de Garagë méiglech.
  • ginn d’Busarrête fir d’Dauer vun den Aarbechten net ugefuer (ëffentlechen Transport & Navette vun der Stad Réimech).

D’Awunner si gebieden déi néideg Moossnamen ze huelen an och hir Livreuren ze informéieren.

Bauhär
Administration des Ponts et Chaussées
T. (+352) 2846 2200
E. srrm@pch.etat.lu

Merci fir Ärt Verständnis.

Cavalcade 30.03.2025 | Verkéiersinformatiounen & Ännerungen beim ëffentlechen Transport

Verkéier

Sonndes, den 30. Mäerz 2025 si wéinst der Cavalcade zu Réimech verschidde Stroosse gespaart vun 13 bis ongeféier 18 Auer.

Op ville Plazen ass et och verbueden ze parken. Mir bieden Iech d’Beschëlderung vun de verschiddene Parkverbueter genee ze liesen éier Dir Ären Auto ofstellt.

Detailléiert Informatioune fannt Dir am Verkéiersreglement.

Ëmleedungen si gezeechent.

Ännerungen am ëffentlechen Transport

Betraff sin d’Linnen 341, 342, 406, 411, 413, 431, 432 a 550, sou wéi och verschidde Busarrêten.

Weider Informatioune fannt Dir am Avis vum RGTR.

Programm vum ganze Weekend

>> cavalcade-remich.lu

Biergerowend | 21.03.2025

De Schäfferot invitéiert seng Bierger op  Biergerowend e Freideg, den 21.03.2025 um 19:00 am groussen Zelt um Parking bei der Piscine.

Bei engem Patt kritt Dir lafend a künfteg Projeten virgestallt, gitt méi iwwer ons Eventer gewuer a kritt an Abléck an d’Zesummeliewen an der Gemeng.

Musikalesch Animatioun ass garantéiert (DJ Hofmeister), an fir Iessen a Gedrénks suergt den Organisatiounscomité vun der Cavalcade.

Mir freeën eis Iech deen Owend ze begréissen.

 

leneda.lu | Nei national Energieplattform

Creos informéiert iwwer déi nei Energiedatenplattform leneda.lu. Dës Plattform soll d’Verwaltung vun den Donnéeën vum Energiesektor vereinfachen a méi sécher maachen. Zousätzlech bitt lenada.lu den Zougang zu de Verbrauchs- a Produktionsdonnéeën.

Vun Abrëll 2025 un muss Dir eng Energie ID hun fir all Transaktiounen wéi z.B. Plënneren (privat oder fir Äre Commerce), Ufroen oder Ännerungen vum Stroumuschloss.

Är Kreativitéit ass gefrot fir e Miniprojet fir LEADER Miselerland

Dir hutt eng Iddi fir e Miniprojet am Miselerland ?

LEADER Miselerland fërdert Är innovativ Iddi an de Beräicher Kultur & Jugend!

  1. Wat gëtt ënnerstëtzt?
    LEADER Miselerland fërdert innovativ Aktivitéiten a nei Offeren an de Beräicher Jugend & Kultur ënnert der Viraussetzung, dass d’Iddi vun der lokaler Bevëlkerung, klenge Veräiner oder benenvollen Initiativen aus dem Miselerland kënnt.
    Beräich „Kultur“: hei si Miniprojeten ronderëm déi kulturell Offer a Kulturgeschicht méiglech, vu Kënschtler, iwwer d’Kulturlandschaft, Brauch a Kulturierwen, vun der regionaler Identitéit bis iwwer de Kulturtourismus….
    Beräich „Jugend“: hei si Miniprojeten betreffend Jugendaarbecht, Bedeelegungsformater fir Jugendlecher, Eventer fir jonk Erwuessener…. méiglech.
  2. U wie riicht sech dësen Opruff?
    LEADER Miselerland viséiert besonnesch kleng Projete mat klenger Finanzéierung, déi awer innovativ sinn a vu lokalen oder regionalen Acteuren a Veräiner am Benevolat oder mat gemengnëtzegem Charakter an d’Liewe geruff ginn.
  3. Bäihëllefen
    An dësem Opruff si finanziell Bäihëllefe vu méi wéi 24.687 € zur Verfügung. Zouschëss vun 1.000 € bis maximal 4.000 € pro Miniprojet si méiglech, sou dass mindestens 6 Miniprojeten kënnen ënnerstëtzt ginn.
  4. Délai
    Schéckt Äre Projet bis spéitstens de 5. Abrëll 2025 per E-mail oder Post bei LEADER Miselerland: miselerland@leader.lu ¦ B.P.57, L-6793 Grevenmacher.
  5. Weider Informatiounen
    Méi Informatioune fannt Dir op www.leader.lu. Dir kënnt Iech och direkt un d’Mataarbechter vum LEADER Miselerland wenden: Sammy BEICHT / Thomas WALLRICH | 23 Route de Trèves, L-6793 Grevenmacher | T. 75 01 39 | E. miselerland@leader.lu

Wéi eng Iddi schlussendlech ënnerstëtzt gëtt entscheedt déi lokal Aktiounsgrupp Miselerland an hirer Sëtzung vum 28. Abrëll 2025.