Bestellt Ären Adventskranz bei de Guide a Scouten

Och dëst Joer maachen d’Guiden a Scouten erëm flott Adventskränz op Bestellung.

Bestelle kënnt Dir online oder per Telefon bis den 18. November 2024:

  • W. https://remich.lgs.lu/adventskranz2024/
  • T. 621 691 044

Detailer fannt Dir um Flyer

18.10.2024 | Gemengerot

Den nächste Gemengerot ass den 18. Oktober 2024 am Gebai “Al Schoul” | 1, Rue Neuve zu Réimech.

Chantier Rue Dauvelt | Traffic & Accès 10-19.10.2024

Informatioun vun der Firma KUHN un d’Awunner

Ëmbau vun 2 Haiser: 4, Rue Dauvelt / 38, Rue St Nicolas zu Réimech

Am Kader vun den Ëmbauaarbechte gouf d’Uschlëss un déi verschidde Reseaue fir den Zäitraum vum 10. Oktober 2024 ab 07:00 Auer bis den 18. Oktober um 17:00 Auer geplangt.
Dowéinst muss d’Strooss vun der Nummer 4, Rue Dauvelt, bis d’Nummer 30, Rue St Nicolas, gespaart ginn.

Tësche 07:30 a 17:00 Auer ass keen Zougang méiglech.

 

 

 

Info Spendesammelaktioun | UNICEF Luxembourg

Tëscht dem 07. an 12. Oktober 2024 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.

D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.

Ännerung vum Drénkwaasserhärtegrad

Zanter Enn September 2024 kritt d’Stad Réimech kee Mëschwaasser méi. D’Drénkwaasser kréie mir elo just nach vum SEBES. D’Waasserhärt geet elo vu virdru 25°f (f° = franséischen Härtegrad) op ongeféier 12°f erof an dofir braucht Dir fir dat Waasser och keen zousätzlecht Traitement méi bei Iech doheem.

Falls Dir eng Waasseropbereedungsanlag hutt, huelt w.e.g. Récksprooch mat Ärem Installateur fir dës eventuell nei anzestellen.

ING Route du Vin | Wichteg Informatiounen

ING Route du Vin

  • Depart: N10 op der Héischt vun der Piscine
  • Zil: Héicht Piscine géint 11:15

Méi Infoen: routeduvin.lu

All d’Infoen zu de Stroossespärungen, Parkverbueter, etc. fannt Dir an den Dokumenter op dëser Säit.

13.09.2024 | Gemengerotssitzung

Den nächste Gemengerot ass e Freideg, denn 13. September 2024 em 09:00 Auer an der Aler Schoul | 1, rue Neuve. 

De Buet September-Oktober 2024 ass online

 

De Buet September-Oktober 2024 ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.dev.lightbulb.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.