Den nächste Gemengerot ass e Mëttwoch, de 24. Juli 2024 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).
D’Gemeng ass zou vum 19.-22.07.2024 inclus
Mir sinn um Plënneren!
Fir d’Dauer vun de Renovéierungsaarbechten vum aktuellen Gemengenhaus plënneren d’Servicer vun der Stad Réimech 50 m méi wäit op d’Nummer 6, Rue Enz (virdrun BIL).
Dofir bleiwen all ons Servicer vum 19. – 22. Juli inclus zou.
Den 23. Juli 2024 si mir wéi gewinnt op der neier Adress fir Iech do !

Harespelen | Nëtzlech Informatiounen
D’Harespelen hunn hire Notze fir d’Natur a sinn net geféierlech fir de Mënsch, wa si net bedrot sinn. Zwar kënne si eis op den Terrasse ploen, mee mam richtege Verhalen besteet souguer beim Nascht keng Gefor. Dofir wëll d’Ëmweltberodung Lëtzebuerg mat dësem Dossier, iwwer déi verschidde Méiglechkeeten informéieren, wéi ee mat den Harespelen zesummeliewe kann.
Hei fannt Dir nëtzlech Informatiounen iwwer Harespelen: Wespenratgeber
(Source: EBL)
De Buet Juli-August 2024 ass online
De Buet Juli-August 2024 ass online!
Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.dev.lightbulb.lu zur Verfügung.
Direkte Link op déi aktuell Ausgab
Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.
Mir plënneren | Nei Adress vun de Gemengeservicer ab dem 23.07.2024

19.06.2024 | Gemengerot
Den nächste Gemengerot ass e Mëttwoch, de 19. Juni 2024 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).
Virowend vu Nationalfeierdag | Ëffentlechen Transport & Nightlifebus
Loost den Auto doheem a profitéiert vum ëffentlechen Transport oder vum Nightlifebus fir un de Feierlechkeeten vum Virowend vu Nationalfeierdag an der Stad deel ze huelen!
04.06.2024 | Gemengerot
Den nächste Gemengerot ass de 4. Juni 2024 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).
Aschreiwunge Museksschoul Syrdall 2024-2025
21.05.2024 | Gemeng mëttes zou
D’Büroe vun der Stad Réimech bleiwen den 21. Mee 2024 mëttes zou.
Merci fir Äert Verständnis.