VERBUET!!! Freedefeier & Knupperten

Freedefeier op Silvester?

NEE! Freedefeier a Knupperte sinn an der Nuecht op Silvester um ganzen Territoire vun der Stad Réimech verbueden, dëst aus Sécherheetsgrënn, respektiv fir eis Ëmwelt an Déieren ze schützen.

Mir wëllen Iech och drun erënneren, dass ee fir all Freedefeier eng Geneemegung vum Buergermeeschter brauch.

Mir si sécher, dass Dir och ouni Freedefeier ee schéine Silvesterowend hutt.

Merci fir Äert Versteesdemech an Är Kooperatioun.

17.11.2023 | Gemengerot

Den nächste Gemengerot ass e Freideg, de 17. November 2023 em 09:00 Auer an der Gemeng (Salle des séances).

De Buet – November-Dezember 2023 ass online

De Buet – November-Dezember 2023 ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.dev.lightbulb.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Geschäft a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.

Avis Rue Wenkel an Alentoure | 23.-27.10.2023 > Erneierung vum Stroossebelag

Stroossespäerung

Rue Wenkel

  • Méindeg, 23.10.2023 vu 7:00 Auer bis e Freideg, 27.10.2023 ëm 12:00 Auer

Kräizung Rue St. Nicolas – Rue Wenkel

  • Méindeg, 23.10.2023 vu 7:00 bis 18:00 Auer
  • Donneschdeg, 26.10.2023 vu 7:00 Auer bis e Freideg, 27.10.2023 ëm 12:00 Auer

Kräizung Rue Wenkel – Rue Dicks – Wueswee

  • Méindeg, 23.10.2023 vu 7:00 Auer bis e Freideg, 27.10.2023 ëm 12:00 Auer

Parkverbuet

Vum Méindeg, 23.10.2023 ab 7:00 Auer bis e Freideg, 27.10.2023 ëm 12:00 Auer

  • Rue Wenkel
  • Wueswee
  • Rue Dicks (déi éischt 2 Parkflächen)

Zougang zu de Garagen

Den Zougang zu de Garagen an der Rue Wenkel ass fir d’Dauer vun der Baustell net méiglech.

Offallentsuergung

D’Entsuergung vum Haus- a Biomüll fënnt wéi gewinnt dënschdes, de 24.10.2023 statt.

Opruff | Konsultativ Kommissiounen

D’Stad Réimech sicht nach motivéiert Bierger:inne fir hir konsultativ Kommissiounen an de Beräicher:

  • Jugend (de Wunnsëtz muss zu Réimech sinn) – 3 Memberen
  • NEI ! Integratioun an Zesummeliewen (d’Membere mussen entweder zu Réimech wunnen oder hei schaffen) – 6 Memberen
  • Bauten a Verkéier (Wunnsëtz muss zu Réimech sinn) – 3 Memberen
  • Ëmwelt (Wunnsëtz muss zu Réimech sinn) – 3 Memberen

Interesséiert?
Da fëllt de Formulär aus a schéckt en zeréck un secretariat@remich.lu

Krematorium Hamm | Ëmbauaarbechten

Wéinst gréisseren Aarbechten am Krematorium zu Hamm tëscht September 2023 an Dezember 2024 ass et méiglech, dass et zu Waardezäite fir d’Zeremonië fir de Verstuerwenen Äddi ze soe ka kommen.

Mir informéieren Iech doriwwer, dass et och méiglech ass fir sou eng Zeremonie um Kierfecht vun der Stad Réimech ofzehalen.

Informatioune kritt Dir am Biergerbüro.

NEW … Laftreff zu Réimech

Maacht mat beim Laftreff a bleift a Form!

Mir bidden een ofwiesslungsräiche Programm aus Lafen an der Notzung vum Bacchus Fitness Trail am Bësch. Treffpunkt ass sonndes moies um 10 Auer beim Schoul- a Sportzentrum „Gewännchen“.

De Cours ass fir jiddereen, egal op Ufänger oder Avancé.

  • Ab dem: 15.10.2023
  • Ëmmer sonndes: 10:00
  • Start: Centre scolaire et sportif „Gewännchen“
  • Umeldung: op der Plaz
  • Präiss: 60 € (Schouljoer 2023-2024)
  • Org.: Musel’s Laf asbl & Stad Réimech