Info Spendesammelaktioun | UNICEF Luxembourg

Tëscht dem 07. an 12. Oktober 2024 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.

D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.

Info Spendesammelaktioun | UNICEF Luxembourg

Tëscht dem 25. an 30 November 2024 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.

D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.

De Buet November-Dezember 2024 ass online

 

De Buet November-Dezember 2024 ass online!

Eise Gemengebuet steet Iech vun 2023 u just nach online op eisem Site www.remich.dev.lightbulb.lu zur Verfügung.

Direkte Link op déi aktuell Ausgab

Dir sidd e Réimecher Bierger oder Commerce a wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail u mato@remich.lu oder fëllt d’Bestellkoart aus a mir schécken Iech Äre Buet heem.

Info Spendesammelaktioun | UNICEF Luxembourg

Tëscht dem 07. an 12. Oktober 2024 si Mataarbechter vun UNICEF Luxembourg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.

D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung, de Faarwe vun der UNICEF an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.

Info Spendesammelaktioun | Handicap International Luxembourg

Dës Woch si Mataarbechter vun  Handicap International Luxemburg zu Réimech ënnerwee fir hir Spendesammelaktioun.

D’Mataarbechter sinn un hirer Kleedung an de Faarwe vun Handicap International an un den Déngschtausweiser ze erkennen. Si huele kee Boergeld un, d’finanziell Ënnerstëtzung gëtt iwwert en Tablet bestätegt a geet iwwert en Ordre permanent direkt vun Ärem Bankkonto of.

Mir siche Remplaçante fir d’Maison Relais

D’Stad Réimech sicht Remplaçante fir an der Maison Relais auszehëllefen.

Viraussetzungen:
  • Erfuerderlech Sproochekenntnisser: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Formatioun (118 Stonnen) “Bases de l’éducation et de l’accueil d’enfants” (BEA)

Kandidaturen:

  • CV
  • Lettre de motivation
  • Formatioun (118 Stonnen) “Bases de l’éducation et de l’accueil d’enfants” (BEA)
  • Casier 3 + 5
Kontakt:
Maison Relais Remich
c/o Karla Delvaux
8, rue des Champs
L-5515 Remich
maisonrelais@remich.lu

D‘Stad Réimech sicht een Informatiker

D‘Stad Réimech sicht een Informatiker (m/w/x), CDI, 40 Stonnen/Woch

Missioun:

  • Gestioun vun der Informatik vun der Gemeng.
  • Kenntnisser vum geographeschen Informatiounssystem (S.I.G.) si vu Virdeel

Dir sidd interesséiert, da schéckt Är Demande bis spéitstens de 6. Mee mat folgenden Piècen un der Personalbüro vun der Stad Réimech, B.P. 9, L-5501 Réimech:

  • CV mat folgenden Infoen: Numm a Virnumm, Nationalitéit, Matricule, Mailadress, Diplomer, beruffleche Virkenntnesser a sproochleche Kenntnisser
  • Motivatiounsschreiwes
  • Kopie vun der Carte d’Identité oder dem Pass
  • Kopie vum Opnamexamen fir e Fonctionnairesposten (falls Dir deen hutt)

18.03.2023 | Aschreiwung an d’Wielerlëschten

Dir hutt net d’Lëtzebuerger Nationalitéit a wunnt zu Réimech? Da kommt laanscht a schreiwt Iech op d’Wielerlëschte fir d’Gemengewalen an!
Eise Biergerzenter ass e Samschdeg, den 18. Mäerz 2023, ausnamsweis vun 09:00-16:00 Auer op fir d’Aschreiwunge vun den auslännesche Bierger op d’Lëschte vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023.