Kayser
De Buet
„De Buet“ ass d’Informatiounszeidung vun der Stad Réimech, déi all 2. Méint erauskënnt.
Am „De Buet“ ginn nieft de Gemengerotsberichter och aktuell Projete publizéiert esou wéi Infoen iwwer Baustellen, wichtig Matdeelungen aus der Gemeng a Fotoen vun den Eventer.
“De Buet” steet Iech säit Januar 2023 just nach online zur Verfügung. Dir sidd e Réimecher Bierger oder Geschäft an Dir wëllt och weiderhin eng gedréckte Versioun vum Buet hunn, da bestellt dës per E-Mail i mato@remich.lu a mir schécken Iech Äre Buet heem.
Owescoursen
Course vum Maacher Lycée
De Maacher Lycée bitt eng grouss Diversitéit vu Coursen un.
Déi komplett Lëscht vun de Coursen déi a verschiddene Gemengen ofgehale gi fannt Dir ënner www.maacherlycee.lu .
Hei kënnt Dir Iech och direkt online aschreiwen.
Méi Informatiounen:
Sekretariat vun den Owescoursen: T. 75 06 65 – 5255 | E-mail: csa@mlg.lu.
Course vum Office social
Plaz
Course
- FRANSÉISCH (Niveau A.1.1.)
Datumer: 08.10.2024-16.02.2025 | Frequenz: Mëttwoch & Donneschdeg | Auerzäit: 08:30-10:30 - FRANSÉISCH (Niveau A.1.2.)
Datumer: 08.10.2024-16.02.2025 | Frequenz: Mëttwoch & Donneschdeg | Auerzäit: 10:30-12:30
Informatiounen & Umeldung
- Umeldeformulaire > Office social commun Remich
- Online beim Maacher Lycée (Luxtrust Zertifikat néideg)
D’Plaze si limitéiert.
Präis
- 168 € | Reduktiounsbongen, déi vun de verschiddenen Administratiounen a soziale Servicer (ADEM, ONA, ONIS, Sozialamt, …) verdeelt ginn, kënne fir dës Course benotzt ginn.
- D’Fraisen vum Cours ginn eréischt nom Zouschécke vun der Rechnung bezuelt a musse bis spéitstens 15 Deeg no Ufank vum Cours iwwerwise sinn.
Erzéiongs- a Familljeberodung asbl
Zanter September 2016 huet d’Erzéiungs- a Familljeberodung asbl och eng Antenne zu Réimech.
D’Entwécklung vu Kanner oder Jugendlechen, familiär Bezéiungen oder belaaschtend Evenementer sin heiansdo eng grouss Erausfuerderung, bei deenen een Ënnerstëtzung brauch.
De Fokus vun der asbl läit op der Ënnerstëtzung duerch Erzéiungs- a Familljeberodung, Berodung vu Koppelen, Therapien a Begleedung vu Kanner, Jugendlechen a Familljen.
An hirer Aarbecht dréit sech meeschtens alles ëm dës Themen:
- Bannung, Elteren-Kand Interaktioun, sozial Interaktiounen
- Entwécklungsaufgaben an -iwwergäng
- Entwécklung vu Léisungsstrategien
- Emotional Belaaschtungen
- Lass loossen an Autonomie
- Ëmgang mat Aggressiounen, Schoulproblemer, Accidenter, Traumaen, Iessstéierungen, Schlofstéierungen, Sexuell Verhalensproblemer
- Trennung / Scheedung
D’Angebot vun der Berodung an Therapie gëtt mat Gruppen- a Weiderbildungsofferen erweidert:
- Marte Meo Kompetenzzentrum, Licensed Supervising Marte Meo Institute, Ausbildung fir all Niveauen
- Babysitterausbildung a -vermëttlung
- ” Kinder aus der Klemme ” – E Programm fir Famillje mat Trennungskonflikter
- ” D’Nuetseil ” – therapeutesche Grupp fir Kanner mat Schlofproblemer
- Elteregrupp – ” Versteesdemech ” mat Marte Meo
- Familljegrupp ” Musikalisch und künstlerisch in Bindung ” – mat Hëllef vu Musek a kënschtleresche Prozesser kréien d’Elteren Ureegunge fir eng gutt Bezéiung mat hire Kanner ze gestalten
- Stressbewältegung fir Elteren
- Projete mat aneren Ariichtungen (Schoulen, Maison Relaisen, Foyeren, Universitéiten)
- Verschidden Themenowenter a Konferenzen
Energiekooperativ Kanton Remich
Energiekooperativ Kanton Remich
D’Energiekooperativ ass eng Ekipp vun engagéierte Bierger aus de Gemengen Bous, Duelem, Lenneng, Munneref, Réimech, Schengen, Stadbriedemes a Waldbriedemes.
Missioun
Fotovoltaik Anlagen op Diecher vun ëffentleche Gebaier installéieren a bedreiwen fir esou erneierbar Energie hierzestellen.
Deelhuelen
All d’Bierger aus dem Kanton Réimech kënne matmaachen iwwer eng finanziell Bedeelegung un de gemeinsame Projeten
→ Déi minimal Bedeelegung ass 100 €.
→ All Member vun der Kooperativ huet natierlech och e Stëmmrecht.
Méi Infoe: www.ekr.lu
NEWSLETTER 2024-04
Léif Kooperateuren, léif Frënn vun der Sonn,
No eiser Info-Versammlung zu Lenneng, si mir frou e puer nei Kooperateuren an eise Reien ze begréissen. Ier mir de Projet zu Kanech realiséieren zéie mir d‘PV-Anlag op der Schoul zu Munneref vir well deen Daach am Summer erneiert gëtt. Mir hunn interessant Offere kritt esou dat dëse, fir eis grousse Projet am Summer 2024, realiséiert ka ginn.
Duerfir maache mir op dëser Plaz en Appell fir Iech och hei nach emol finanziell ze bedeelegen: d’Anlag kascht +/- 86.600 € TTC a mir hunn am Moment nach net genuch Sue fir de Projet ze realiséieren.
Fir eis ze ënnerstëtzen duerft dir och gär Reklamm an ärem Bekanntekrees maachen.
D’Gemeng Munneref steet och bei dësem Projet zu 100% hannert der EKR, dat heescht, dat zu kengem Zäitpunkt e Risiko besteet dat ären Invest verluer wier.
Mir soen all deenen elo schonns Merci déi der Kooperativ erméiglechen eng weider Anlag un d’Netz ze bréngen.
Des weidere maache mir iwwert dëse Wee en Opruff: mir sichen 2 Keesekontrollere fir och esou nach méi Transparenz an eis Aarbecht ze bréngen > Kandidatur per Email op: info@ekr.lu.
Politique
Collège échevinal
Le collège des bourgmestre et échevins constitue l’organe d’exécution et d’administration journalière de la commune. Ses membres sont choisis parmi les conseillers communaux. Les séances du collège échevinal sont présidées par le bourgmestre, elles ne sont pas publiques.
Le collège des bourgmestre et échevins est chargé :
- de l’exécution des lois, règlements et arrêtés grand-ducaux et ministériels qui ne concernent pas la police
- de la publication et de l’exécution des décisions du conseil communal,
- de l’administration des établissements communaux,
- de la surveillance des services communaux et de l’engagement de salariés à tâche manuelle,
- du pouvoir réglementaire en cas d’urgence,
- de l’administration des propriétés de la commune et de la direction des travaux,
- de l’administration financière et exécution du budget,
- de la représentation de la commune en justice,
- du contrôle des établissements publics sous la surveillance de la commune (offices sociaux, …),
- de la tenue des archives, des titres et des registres de l’état civil.
Conseil Communal
Le conseil communal constitue l’organe politique d’une commune et règle tout ce qui est d’intérêt communal.
Les personnes inscrites sur les listes électorales procèdent à l’élection directe des membres du conseil communal de leur commune de résidence. Les électeurs disposent d’autant de suffrages qu’il y a de conseillers à élire au conseil communal. Le nombre de conseillers communaux est fonction du nombre des habitants de la commune et il est toujours impair.
Le conseil communal de Remich, y compris les membres du collège des bourgmestre et échevins, est composé de 11 membres comme prévu par règlement grand-ducal pour les communes ayant entre 3.000 et 5.999 habitants. Les conseillers communaux ainsi élus exercent leur fonction pour une période de 6 ans.
Vu que la population de Remich compte plus de 3.000 habitants, il est procédé au scrutin de liste avec représentation proportionnelle.
Les compétences du conseil communal:
- le vote du budget et des comptes
- la fixation des tarifs et redevances
- prendre les règlements communaux
- l’approbation des projets de construction et des projets d’urbanisme
- la nomination, démission ou révocation des fonctionnaires et employés.
La loi confère au conseil communal le soin d’édicter des règlements d’administration intérieure et de police communale, ces derniers pouvant être assortis de pénalités. Le conseil communal donne également son avis sur les décisions prises par les établissements publics placés sous la surveillance de la commune, il en approuve les budgets et les comptes.
Le conseil communal se réunit sous la présidence du bourgmestre, et ceci aussi souvent que les affaires courantes l’exigent, mais au moins une fois tous les trois mois. Les séances du conseil communal sont publiques (sauf quelques exceptions). Un résumé du contenu de la séance est publié régulièrement dans le bulletin communal.
Chargy – bornes électriques

Vous trouvez des bornes de chargement sur les parkings suivants: place Nico Klopp, Centre scolaire et sportif “Gewännchen”, devant l’école rue Enz, parking du Port et parking “Um Gréin”.
Pour plus d’infos veuillez svp consulter le flyer Chargy.